BEE Secure waren 2018 2'047 Internetsäite mat kannerpornographeschem Material gemellt ginn, de Gros dovu gouf un de Parquet an d'Police weidergeleet.

2018 sinn der BEE Secure-Stopline 2'047 Internetsäite mat kannerpornographeschem Material gemellt ginn, dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nancy Arendt. 1'728 dovu wieren dann och effektiv als illegal agestuuft ginn an un d'Police, respektiv de Parquet weidergeleet ginn.

Dëse Meldunge wier een duerno op nationalem an internationalem Plang nogaangen. Zil wier et, fir d'Material da bannent 24 Stonne vum Netz ze huelen, wat awer wéinst limitéierte Moyenen net ëmmer esou einfach wier.