Milliounen Touriste reesen all Joers an Neiséiland. Dat wëll d'Land an Zukunft nach méi staark fir sech notzen.

Neiséiland verlaangt vun den Touristen an Zukunft eng Tax fir an d’Land ze kommen. Vun Oktober u mussen Touriste bei der Arrivée eng Tax vu ronn 21 Euro bezuelen, heescht et vum Ëmwelt- an Tourismusministère. Domat sollen zousätzlech 47 Milliounen Euro pro Joer an d’Staatskeese fléissen. D’Sue sollen an de Schutz vun der Ëmwelt fléissen. D’Lescht Joer huet Neiséiland bal 4 Milliounen auslännesch Touriste gezielt.