E Chauffer war zu Beetebuerg bei der Gare opgefall, well säi Won net uerdentlech ugemellt war. Duerno goufen och Droge bei him fonnt.

Kuerz no Mëtternuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg war enger Policepatrull um Parking bei der Gare zu Beetebuerg e Won opgefall, deen net uerdentlech ugemellt war. Bei der Kontroll hunn d'Beamten du festgestallt, dass de Chauffer ënner Drogenafloss stoung.

Am Auto goufen dunn nach kleng Quantitéite Kokain an Heroin d'selwecht wei Accessoire fir de Konsum fonnt. Dës goufe saiséiert an d'Police vun Diddeleng huet eng Plainte géint de Mann gemaach.