De Mëttwoch de Mëtteg waren am Raum Réimech direkt e puer Kontrolle vun der Police an Zesummenaarbecht mat der Douane duerchgefouert ginn.

D'Kontrollen hunn sech op verschidde Beräicher bezunn, dorënner d'Telefonéieren um Steier, d'Steiervignette, de Sécherheetsgurt, den Transitverkéier, d'Pabeieren awer och den Transport vu Boergeld.

© Police

Bei den am ganzen 3 Kontrolle goufen zesummen 20 Verstéiss festgestallt, déi meescht wéinst Problemer mat de Pabeieren.

An engem Fall gouf Marihuana fonnt, géint de Chauffer gouf eng Plainte gemaach.

© Police