Bei Twitter ass en Donneschdeg den Owend näischt méi gaangen. Wéi et heescht, géif um Freidegmoien nees alles normal funktionéieren.

Bei Twitter goufen et en Donneschdeg gréisser Problemer. Vill Notzer konnten sech owes net méi aloggen. Virun allem an Europa, an den USA, Brasilien a Japan. An de leschte Méint goufen et bei groussen sozialen Netzwierker vill Problemer. Eréischt d’lescht Woch bei Facebook, Instagram a WhatsApp. Wéi et vun Twitter heescht, géif um Freidegmoien nees alles funktionéieren.