Op der Aire de Bierchem huet een alkoholiséierte Chauffeur 2 Autoe beschiedegt a probéiert ze flüchten.

Op der Aire de Bierchem huet ee alkoholiséierten Automobilist zwee geparkten Autoe beschiedegt, a probéiert ze flüchten. D’Beamten hunn de Mann am Shop vun der Tankstell erëm fonnt, wou hien uginn huet, säi Frënd wier gefuer.

Aenzeien hunn awer eendeiteg deen éischte Mann als Chauffeur identifizéiert. De Mann gouf ëmmer méi aggressiv an huet e puer Mol probéiert fortzelafen. Hie krut Handschellen ugeluecht  an huet d’Nuecht um Policebüro verbruecht.