D'leschte Sonndeg goufen an der Arktis 21 Grad gemooss. Wéi Meteorologen soen, ass dat een absolute Rekord.

An der kanadescher Arktis sollen d’Temperaturen de Moment eigentlech knapp iwwert dem Gefréierpunkt leien. D'leschte Sonndeg goufen awer an der Uertschaft Alert 21 Grad gemooss-sou waarm wéi nach ni. Net mol 900 Kilometer sinn et vun do aus bis op den Nordpol.

Meteorologen schwätzen vun  engem absoluten Hëtzt-Rekord, deen et an de leschten 60 Joer hei net gouf.