De mexikaneschen Drogeboss Joaquín "El Chapo" Guzmán muss bis zu sengem Liewensenn am Prisong bleiwen.

Zu New York gouf de Mëttwoch d'Strofmooss géint den 62-Järegen annoncéiert, d.h. eemol liewenslänglech, plus nach emol symbolesch 30 Joer.

Weider verlaangt d'Geriicht 12,6 Milliarden Dollar aus de Recette vu sengen illegale Geschäfter.