No 7 Méint "Zwangspaus" huelen Hëllefsorganisatiounen hir Rettungsaktiounen nees op.

Enn Juli wëllen d‘Hëllefsorganisatiounen "Ärzte ohne Grenzen" souwéi "SOS Mediterranee" d‘Séinoutrettung vu Flüchtlingen nees ophuelen. Am Dezember gouf d’Besatzung vun der "Aquarius" forcéiert hir Sich-a Rettungsaktiounen ofzebriechen.

Béid ONGen hunn elo d’Rettungs-schëff "Ocean Viking" op d’Mëttelmier geschéckt, dës soll ënnert dem norwegesche Fändel fueren.

2000 Mënschen hunn eleng dëst Joer hiert d'Liewe bei der Flucht iwwert d'Mëttelmier gelooss.