De britesche Premier Boris Johnson huet an engem Bréif den EU-Rotspresident Donald Tusk fir Brexit-Neiverhandlunge gefrot.

En Austrëttsofkommes mat der EU hätt fir seng Regierung „iewescht Prioritéit“ a seng Regierung wéilt dru schaffe fir zu engem Ofkommes ze kommen.

De sougenannte Backstop, d.h. déi ëmstridde Grenzreegelung fir Nordirland huet den Johnson awer refuséiert. Dës wier ondemokratesch a géif géint d'Souveränitéit vu Groussbritannien goen.

Bis ewell hat d'EU Neiverhandlunge vum Accord, deen nach ënnert der leschter Premierministesch Theresa May ausgehandelt gi war, jo ausgeschloss.