D'Iwwerleeunge fir e Kaf vun der Insel Grönland hunn elo och politesch Konsequenzen.

De Sträit ëm d'Iwwerleeunge vum US-President Donald Trump fir e Kaf vun der arktescher Insel Grönland huet elo eng méi eescht Säit ugeholl. Den Trump huet an deem Sënn gëschter e geplangten Treffe mat der dänescher Ministerpresidentin Mette Frederiksen, dat fir September geplangt war ofgesot.

Via Twitter huet hien dëst domat begrënnt, dass d'Ministerpresidentin net iwwer e Verkaf wéilt schwätzen. Et wéilt een dofir d'Rees verréckelen.