E Mann huet bei enger Messerattack zu Villeurbanne eng Persoun ëmbruecht a 9 weiderer blesséiert.

En 19-Järegen stierft um Samschden Owend bei enger Messerattack géint 16.30 Auer an der franséischer Stad Villeurbanne ëstlech vu Lyon. 9 weider Persoune goufe blesséiert, 3 dovunner schwiewen a Liewensgefor. Den Täter huet an der Géigend vun enger Metrosstatioun op d'Leit agestach.

Am Ufank hate franséisch Medie vun zwee Täter geschwat. Deen een hätt e Messer an den aneren eng Broschett dobäi gehat.

Wéi d'Autoritéite matgedeelt hunn, soll nëmmen eng Persoun un der Attack bedeelegt gewiescht sinn. Et handelt sech ëm en 33-Järegen aus Afghanistan, deen a Frankräich Asyl ugefrot huet.