Am US-Bundesstaat Texas koum et op en Neits zu enger Schéisserei. D'Police huet den Täter erschoss.

E Samschdeg koum et am US-Bundesstaat Texas zu enger Schéisserei. Den Täter huet ouni Zil op Passante geschoss a gouf kuerz drop vun der Police erschoss.

De Bilan vun den Doudegen ass e Sonndeg geklommen. 7 Persoune sinn un hire Blessure gestuerwen esou d’Police vun Odessa. Bis ewell ware 5 Doudeger gezielt ginn. 21 Persoune goufe blesséiert. D’Identitéit an d’Motiv vum Täter sinn nach onkloer.