Zënter dem 1. September seet Island de Plastikstuten de Kampf un. Dës dierfen néierens méi gratis zur Verfügung stoen.

Zënter dem 1. September seet Island de Plastikstuten de Kampf un. Dës dierfen néierens méi gratis zur Verfügung stoen. Dozou zielen och déi dënn Plastikstute fir Uebst a Geméis.

D'Parlament vu Reykjavik hat am Mee fir dëst Gesetz gestëmmt. Déi islännesch Regierung wëllt mat dëser a weidere Moossnamen d'Benotzung vu Plastik reduzéieren.