Wéi de CGDIS um Sonndeg matdeelt koum et zu engem Quad-Accident an et huet an zwee Haiser gedämpt.

Wéi et vum CGDIS heescht ass e Sonndeg de Mëtteg géint 11h20 zu Sprénkeng eng Persoun mat sengem Quad gefall a gouf blesséiert.

Géint 13 Auer a géint 15 Auer huet et zu Ettelbréck an der Baaschtnecher Strooss an zu Schëffleng an der Rue du Stade jeeweils an engem Haus gedämpt. Et gouf awer kee blesséiert.