E Méindeg huet d'Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur op en Neits virun enger Entreprise gewarnt.

D'Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur warnt de Moment virun enger Entreprise mam Numm "Finaxis". Dës schreift um eegenen Internetsite, dass d'Entreprise hire Sëtz um Boulevard d'Avranches an der Stad huet. Ma wéi et weider e Méindeg am

heescht, ass dës Entreprise der CSSF net bekannt. D'Entreprise hätt deemno och keng Autorisatioun fir Investissements- oder Finanzservicer hei am Land unzebidde.