Den Hurricane Dorian huet op de Bahamas op d'mannst 5 Doudesaffer gefuerdert an 21 Persoune blesséiert.

Duerch de schwéieren Hurricane Dorian sinn op den Abacos-Inselen am Norde vun de Bahamas op d’mannst 5 Mënschen ëm d’Liewe komm. Och an aneren Deeler vun de Bahamas wiere Mënschen an eeschter Gefor, heescht et vum Ministerpresident. 21 Blesséierter wieren an ee Spidol geflu ginn, bei 5 wier den Zoustand kritesch. Dem internationale Roude Kräiz no goufe ronn 13.000 Haiser deelweis oder ganz zerstéiert. Antëscht huet de Wierbelstuerm e wéineg u Kraaft verluer a gouf op d'Kategorie 3 vu 5 erofgestuft.