Sollt géint d'Brexit-Strategie vun der Regierung gestëmmt ginn, da kéint et de 14. Oktober zu Neiwale kommen.

De britesche Premier Boris Johnson steiert wuel Neiwalen un, sollt dat britescht Parlament en Dënschdeg géint d’Brexit-Strategie vun der Regierung stëmmen. Entspriechend Meldunge goufen aus Regierungskreesser confirméiert. Den Johnson hat virdrunner gesot, dat hien ee Verréckele vum EU-Austrëtt net akzeptéiert. D’Oppositioun wëll ee Brexit ouni Ofkommes verhënneren. Si wëll ee Verréckele bis Enn Januar erreechen.