Wéi d'Police vun Antwerpen via Twitter en Dënschdeg matgedeelt huet, gouf et eng hefteg Explosioun. Gebaier sinn an e Koup gefall.

Bei enger gréisserer Explosioun géint 12.20 Auer am belschen Antwerpen sinn en Dënschdeg 3 Gebaier an e Koup gefall. Dobäi ass een Doudesaffer ze bekloen. Eng 87 Joer al Fra wier deemno de Mëttwoch de Mueren dout gebuerge ginn.

Donieft goufen 3 Blesséierter befreit. D'Ursaach vun der Explosioun ass bis ewell och nach net kloer.

© JONAS ROOSENS / Belga / AFP