En Dënschdeg de Mëtteg gouf e Mann zu Fëlschdref während Stroossenaarbechten duerch e Stroumschlag uerg un der Hand blesséiert.

Op engem Chantier op der Kräizung "Am klengen Eck - Woneschwee" zu Fëlschdref gouf en Dënschdeg kuerz no 14 Auer en Aarbechter schwéier blesséiert. Wéi d'Police schreift huet dësen e Kabel ugepaakt an doduerch e Stroumschlag kritt.

Hie gouf schwéier un der Hand blesséiert, war op der Plaz awer nach uspriechbar a gouf direkt éischtversuergt. Den Aarbechter koum doropshin an d'Spidol. D'ITM war och op der Plaz, esou d'Police.