Géint Google gëtt wéinst méigleche Verstéiss géint d'Kartellrecht ermëttelt.

An den USA gëtt am grousse Stil géint Google ermëttelt. Bal all d’Bundesstaaten iwwerpréiwen, ob Google seng Muecht um Marché ausnotzt, an deem Google d’Sich-Ufroe vun den Notzer beaflosst. Google kéint z.B. eege Produiten a Sich-Resultater direkt als éischt uweisen an d’Konkurrenz no hanne réckelen. Vun der EU-Kommissioun gouf et fir Google schonn eng Geldstrof a Milliounenhéicht.