Eng Majoritéit huet den Dënschdeg d'Nominatioun vum Christine Lagarde als EZB-Presidentin guttgeheescht.

D'EU-Parlament huet der Nominatioun vum Christine Lagarde als Presidentin vun der Europäescher Zentralbank zougestëmmt. Mat 394 zu 206 Stëmmen an 49 Enthalungen huet sech deemno eng Majoritéit vun den EU-Deputéierte fir d'Ernennung vun der Franséisin ausgeschwat.

Déi fréier Cheffin vum internationale Währungsfong wäert domat am Hierscht d'Nofolleg vum Mario Draghi untrieden.