Déi zwee Abriecher waren an en Appartementshaus agebrach, do goufe si awer vu Bewunnerinnen iwwerrascht. Bis ewell konnte si net gepëtzt ginn.

Den Dënschdeg de Muere géint 11.00 Auer haten zwou Bewunnerinne vun engem Appartementshaus e Geräisch um 3. Stack vum Gebai an der Rue des Jardins zu Péiteng héieren. Do hu si dunn zwee Abriecher iwwerrascht, déi sech direkt zu Fouss a Richtung Zentrum duerch d'Bascht gemaach hunn.

Béid Männer waren ëm déi 40 Joer al an hu Lëtzebuergesch geschwat. Ee war e bësse méi déck, hat schwaarz Joer an eng gro/blo Joggingsbox an eng gro Jackett un. Deen anere war dënn an hat eng blo Jeansbox an e bloe Pullover un.

All d'Hiweiser si fir d'Police vun Déifferdeng ënnert dem Tel.: 244531000.