Dat Wäisst haus refuséiert bei der Enquête zu enger méiglecher Amtenthiewungsprozedur géint de President Trump mam Representantenhaus zesummenzeschaffen.

An den USA verschäerft sech de Sträit iwwert eng méiglech Amtenthiewungsprozedur géint de President Trump. Dat Wäisst Haus huet an der Nuecht op e Mëttwoch matgedeelt, dass een d’Vir-Ermëttlunge vun den Demokraten an der Ukrain-Affär an all Form blockéiere wäert. D’Ermëttlunge wieren ee politeschen Theater, heescht et an engem Bréif un d’Representantenhaus. Dofir wäert ee weder Dokumenter erausginn, nach Zeien-Aussoen zouloossen, och ënner Strof-Menace. D’Demokraten hunn dann erkläert, dat den Trump net iwwert dem Gesetz stéing. Säi rechtswiddregt Verhale wäert Konsequenzen hunn.