Falschinformatioune sinn net nei, ma mat de sozialen Netzwierker huet d’Problematik nei Dimensiounen ugeholl. Eng nei Campagne soll opklären.

Falsch Fotoe vun der Klimamaniff zu Lëtzebuerg, Fotoe vu Bëschbränn, déi aus dem Kontext gerappt sinn - Falschinformatioune sinn einfach ze verbreeden an ëmmer méi schwéier ze entlarven.

An deem Kader huet BeeSecure e Mëttwoch d’Campagne #checkyourfacts virgestallt, déi dobäi soll hëllefe Falschinformatiounen am Netz ze erkennen. Kärmessage vun der Campagne ass et, d’Informatiounen a Fro ze stellen a sech ze froen, wien dohannert stécht, ob d’Quell vertrauenswierdeg ass a wéi aner Medien iwwer d’Thema schwätzen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Iwwer 800 Formatiounen an de Schoulen awer och fir Professioneller, d’selwecht wéi e Video iwwer den Zesummenhang vu soziale Medien a Falschinformatioune sinn Deel vun der Campagne.

© Eldoradio