E Mann hat enger Fra zu Rolleng d'Kette vum Hals gerappt an sech dunn duerch d'Bascht gemaach.

An der Lëtzebuerger Strooss zu Rolleng bei Péiteng (ufanks hat d'Police gemellt, datt et zu Lénger geschitt wier) gouf de Méindeg den Owend eng Fra iwwerfall. E Mann hat hir beim Laanschtgoen d'Kette vum Hals gerappt an ass dunn a Richtung Busarrêt "Op der Gare" fortgelaf.

Bis ewell gouf hien net fonnt. Et handelt sech ëm e Mann vun nordafrikanescher Hierkonft, deen e schwaarze Sweatshirt mat wäisser Schrëft um Réck an eng Jeansbox unhat.

All Indice ass fir d'Police vun Déifferdeng ënnert dem Tel. 244531000.