D'Gespréich tëscht der Stad an der E-Scooter-Entreprise "Bird" steet nach aus. Enn der Woch kéint et awer zu enger Decisioun kommen.

Et goufe bis ewell nach keng Gespréicher tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Entreprise "Bird", déi d'

hier E-Scooter an der Stad opgestallt huet. Dat sot de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt e Mëttwoch op Nofro vun Eldoradio.

Kloer wier, dass de System fir d'Leit interessant ass. Ma dëst soll geuerdent, zum Beispill u Statioune gebonnen, geschéien.

Et kéint een et an där Form wéi elo also net zouloossen, grad och well d'Liewensdauer vun den Trottinette relativ kuerz wier an et der Entreprise duerno egal wier, wat mat de Gefierer geschitt. Bis Enn der Woch wéilt een deemno kucken, wat d'Diskussioune bréngen.