De Jean-Claude Juncker muss wuel ee Mount méi laang wéi geplangt d'Amt vum EU-Kommissiounschef ausféieren. Den Zäitplang huet misste gekippt ginn.

D'Europaparlament huet e Verréckele vum Start vun der neier EU-Kommissioun vun zukünfteger Cheffin der Ursula von der Leyen op den 1. Dezember virgeschloen. De Fraktiounschef a Parlamentspresident David Sassoli sot e Mëttwoch, datt et kommend Woch keng Ofstëmmung iwwert déi nei Kommissioun gëtt.

Domat kann dës dann och net wéi geplangt den 1. November untrieden an d'Kommissioun vum Jean-Claude Juncker bleift ee Mount méi laang am Amt.

Grond dofir sinn déi dräi Kommissäre fir Frankräich, Rumänien an Ungarn, op déi ee sech nach net eenege konnt. D'Kandidate goufe vum Europaparlament refuséiert.