Klimabedéngte Katastrofe sinn d'Haaptursaach dofir, dass Mënschen zu sou genannte Klimaflüchtlinge ginn.

Klimabedéngte Katastrofen sinn antëscht d’Haaptursaach dofir, dass Mënschen an hirem eegene Land zu sou genannte Klimaflüchtlinge ginn. All Joers gi ronn 20 Millioune Mënschen duerch Klima-Katastrofen aus hiren Haiser verdriwwen. Grënn dofir si Wierbelstierm, Iwwerschwemmungen a Bëschbränn, esou d’Hëllefsorganisatioun Oxfam an hirem neiste Rapport. Doranner gëtt eng extrem Hausse vu klimabedéngte Katastrofen zënter 2012 dokumentéiert.