Der ASTA no war den Hierscht e bëssen ze waarm an et ass iwwerduerschnëttlech vill Reen erofkomm.

Den Hierscht 2019 war zu Lëtzebuerg e bëssen ze waarm an huet iwwerduerschnëttlech vill Reen bruecht. Dëse Bilan zitt de staatleche Wieder-Déngscht ASTA, vum Ministère fir Landwirtschaft a Wäibau. Am Eisleck louchen d’Temperaturen 0,3 Grad iwert der Moyenne. Am Süde souguer 0,7 Grad. Den Oktober war iwwerduerchschnëttlech waarm. Den November dogéint e bësse méi kill. Am gnze Land ass iwwerduerschnëttlech vill Reen gefall, mat engem Iwwerschoss vu bis zu 103 Millimeter zu Käerch.