Well Chaufferen ëmmer erëm do parke wou se net dierfen an domat aner Persoune viru Problemer stellen, wäert d'Police elo verstäerkt kontrolléieren.

Vun den Dënschdeg u bis de Mëttwoch kontrolléiert d'Police verstäerkt Leit, déi op Trottoiren oder Weeër, respektiv op Parkplaze fir Liwwerungen, Taxien, Leit mat reduzéierter Mobilitéit a soss limitéierte Parkplaze parken.

Dacks géifen d'Reegele wat d'Parken ugeet nämlech net respektéiert gi mam Resultat, dass Foussgänger, Kanner um Wee fir an d'Schoul, Rollstullfuerer a soss Persoune viru Problemer géife gestallt ginn.