E Samschdeg huet d'Police e Chauffeur ugehalen, deen trotz Verbuetsschëld an eng Strooss gefuer ass. Hie war net verséchert an och net ugemellt.

Wéi d'Police e Sonndeg Moien an hirem Bulletin schreift, gouf e Samschdeg Nomëtteg en Automobilist kontrolléiert, deen trotz Verbuetsschëld an eng Strooss gefuer ass. Bei der Kontroll hunn d'Beamte festgestallt, datt den Auto weder ugemellt nach verséchert war. De Won gouf confisquéiert.

Kuerz no 1 Auer an der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police e Won gemellt, deen opfälleg duerch Miersch gefuer ass. D'Police konnt den Automobilist kuerz drop stoppen. Hien hat ze vill gedronk, de Permis gouf agezunn.

Um Potaschbierg gouf en Automobilist ugehalen, deen duerch säi luesen an onséchere Fuerstil opgefall ass. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Chauffeur huet säi Permis op der Plaz missen ofginn.

Weider goufen an der Nuecht op e Sonndeg an der Stad Alkoholkontrollen duerchgefouert. 165 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 5 Fäll war den Test positiv. 1 Permis gouf op der Plaz agezunn.