Bis elo hat den australesche Premierminister Morrison en Zesummenhang tëscht de Bränn an der Äerderwiermung ofgestridden.

Fir d'éischt Kéier huet den australesche Premierminister Scott Morrison en Zesummenhang tëscht dem Klimawandel an dem extrem waarme Summer akzeptéiert. Bis elo hat de Morrison dësen Zesummenhang ofgestridden.

Déi australesch Regierung wëllt wéinst den grousse Bëschbränn en nationale Plang fir d'Reduzéierung vun esou Geforen entwéckelen. Doduerch soll Australien an Zukunft d'Méiglechkeet hunn, op Gefore vum Klimawandel, wéi extrem Summeren, besser ze reagéieren.

An engem Interview op der Tëlee huet de Morrison gesot, seng Regierung wéilt elo "d'Emissioune reduzéieren". Hien huet och unerkannt, datt de Klimawandel de Risiko vun esou waarme Summer erhéicht hätt.

Domat reagéiert de Premierminister op Kritik, datt seng Regierung net genuch géint d'Bekämpfung vum Klimawandel an d'Bränn géif maachen.

E Freideg haten Dausende Leit zu Melbourne a Sydney demonstréiert a vun der Regierung méi konkret Moossname géint de Klimawandel gefuerdert. Vill Demonstranten hunn de Récktrëtt vum Premier gefuerdert.