E Sonndeg ass eng vun de gréissten Evakuatiounsaktioune vun der Geschicht vun Dortmund ugaangen. Wéinst méigleche Bomme goufe 13.000 Persounen evakuéiert.

Am Dortmunder "Klinikviertel" sinn 2 Bommen aus dem Zweete Weltkrich fonnt ginn.
Béid Bomme konnten entschäerft ginn. Wärend 9 Stonnen hunn d’Bierger vun Dortmund net dierften heemgoen. Grouss Deeler vun der Bannestad ware gespaart. Och 2 Spideeler hu missen evakuéiert ginn.

Eng Bomm vun 250kg louch an der Luisenstrasse virum Sozialbüro an déi aner an der Beurhausstrasse. Den Zuchverkéier zu Dortmund war de Sonndeg bal komplett paralyséiert.

D’Autobunne sinn awer weider opbliwwen.