Um Sonndeg Nomëtteg huet an Däitschland eng Automobilistin eng Policepatrull mat 195 km/h vu riets iwwerholl. Am Auto war nach hir 9 Joer al Duechter.

Um spéide Sonndeg Nomëtteg huet eng Automobilistin op der däitscher A9 bei Pegnitz vun der Police missen ugehale ginn.

Wéi et heescht, huet si eng Policepatrull op der Autobunn vu riets mat 195 Kilometer pro Stonn anstatt den erlaabten 130km/h iwwerholl. D’Police huet doropshin d’Course-Poursuite opgeholl an déi 47 Joer al Automobilistin gestoppt.

Nieft der ze héijer Vitesse huet si de Sécherheetsofstand zum nächsten Auto net agehalen. Wärend der Kontroll ass de Beamten och opgefall, datt der Fra hir 9 Järeg Duechter am Auto war.

D’Automobilistin erwaart elo eng Plainte mat enger Amende vu 780 Euro.