D'Queen Elisabeth huet fir e Méindeg eng Krisesëtzung aberuff. Dobäi geet et ëm d'Annonce vum Prënz Harry a senger Fra sech zeréckzezéien.

Am brittesche Kinnekshaus ass um Méindeg eng Krisesëtzung. De Grond dofir ass, d’Annonce vum Prënz Harry a senger Fra Meghan sech vun hire royale Flichten zeréckzezéien. Si wëllen deels an Nordamerika wunnen a finanziell onofhängeg ginn. D’Queen Elisabeth II huet Familljemembere fir ee Gespréich aberuff. Et soll gekuckt gi wat déi zukünfteg Roll vun der Koppel wäert sinn.