Nom Vulkansausbroch den 9. Dezember op der Insel White Island an Neiséiland ass elo dat 20. Affer gestuerwen.

Gutt ee Mount nom Vulkanausbroch an Neiséiland ass d’Zuel vun den Doudesaffer op 20 geklommen. Eng weider Persoun wier an engem australesche Spidol un hire Blessure gestuerwen, heescht et vun der neiséilännescher Police.

47 Touriste waren den 9. Dezember op der Insel White Island fir eng Sight Seeing Tour, wéi de Vulkan ausgebrach ass.