Ënnert der Leedung vum Ursula von der Leyen gouf de Méindeg déi nei EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg vereedegt.

6 Wochen no hirem Amtsuntrëtt gouf de Méindeg déi nei EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen zesumme mat hire 26 Kommissären offiziell vereedegt.

Bei der Zeremonie virun de Riichter vum Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg hu si am Nomëtteg hiren Eed ofgeluecht.

D’von der Leyen ass hiert Amt den 1. Dezember als Nofollgerin vum Lëtzebuerger Jean-Claude Juncker ugetrueden. Hir Amtszäit dauert 5 Joer.