D'EU-Parlament fuerdert eenheetlech Luedkabelen fir Smartphones, Tablets a Co. Net nëmmen Apple danzt aus der Rei, ma d'Parlament wëll dat änneren.

D'Zäiten an deenen een de Stecker vum Smartphone op d'mannst 2 mol huet missten erastiechen, fir dass en dann och gepasst huet, sinn an der Tëschenzäit esou gutt ewéi eriwwer. Zwar sinn nach vill Smartphone mat engem Mikro-USB-Uschloss am Ëmlaf, ma et ginn der ëmmer manner an den USB-C-Uschloss fänkt un de Standard ze ginn – op d'mannst, wann een en Android-Smartphone huet. D'iPhonen hunn nämlech erëm en aneren Uschloss a wien zweegleiseg fiert, deen huet ëmmer op d'mannst zwee verschidde Kabelen dobäi. Ma dat wëllt d'EU-Parlament elo änneren. D’Deputéiert hunn dofir e Méindeg den Owend d’EU-Kommissioun opgefuerdert, méi Drock op d’Produzenten ze maachen.

Fräiwëlleg Vereenheetlechung huet net geklappt
Elektroschrott reduzéieren an den Notzer d'Liewe méi einfach maachen – dëst wëllen d'EU-Deputéiert mat engem

an de Grëff kréien. An zwar geet et drëms, fir d'Geräter fir Smartphonen, Tablets, E-Reader a soss mobil Elektroapparater ze vereenheetlechen an domat ass och den Uschloss selwer gemengt.

Schonn 2014 krut d'EU-Kommissioun gréng Luucht, fir d'Hiersteller dozou ze brénge fir en eenheetleche Stecker anzeféieren. Ma d'Kommissioun huet zanterhier net probéiert d'Hiersteller dozou ze zwéngen, ma se éischter dozou ze encouragéieren op dee Wee ze goen. Wéi sech erausgestallt huet, hat dat awer nëmmen deelweis Succès.

51'000 Tonnen Elektroschrott
Während den USB-C-Standard bei den Android-Geräter sech esou lues a lues schéngt duerchzesetzen an och aner Hiersteller z.B. vu Power-Banken, Täscheluuchten a Kopfhörer op den Zuch opsprangen oder et scho gemaach hunn, wiert sech ënnert anerem Apple géint e Wiessel vum Uschloss.

Ma och soss fënnt een nach ëmmer Apparater, déi mat Steckeren an Oplueder kommen, déi op soss kengem aneren Apparat, emol net vun där selwechter Mark kënne genotzt ginn. Dobäi entstinn de Schätzunge vum EU-Parlament no all Joer eleng duerch al Oplueder a Kabele ronn 51'000 Tonnen Elektroschrott.

Verbuet vu Lightning-Uschloss wier kontraproduktiv
Apple hat dann och schonn 2019

an ugemierkt, dass een zesumme mat 6 aner Entreprisen den USB-C ausgeschafft an encouragéiert hätt.

Ma et hätt een elo iwwer 1 Milliard Apparater verkaaft an déi géifen all mam Lightning-Uschloss funktionéieren, dat selwecht och fir déi sëllechen Accessoiren. E Verbuet vun dësem Uschloss wier deemno kontraproduktiv, well da Millioune Clienten näischt méi mat hire Geräter kéinten ufänken an dëst nëmmen nach méi Elektroschrott géif mat sech bréngen.