An der Rue de Redange zu Räichel huet an der Nuecht op en Dënschdeg een Trakter gebrannt. De Grond dofir ass net bekannt.

Zu Räichel huet an der Nuecht op en Dënschdeg an der Rue de Redange géint 01h30 een Trakter an enger Scheier gebrannt. De Grond dofir ass net bekannt. Blesséiert gouf awer keen. Am Asaz waren ënner anerem 6 Pompjeeës-Corpsen.