Bis 2050 soll d'EU klimaneutral sinn, ma dat kascht. D'EU-Kommissioun huet den Dënschdeg d'Pläng virgestallt, wéi dat ganzt soll finanzéiert ginn.

100 Milliarden d'Joer, respektiv op d'mannst eng Billioun tëscht 2021 an 2030. Esou vill gesäit den Investitiounsplang vum sougenannte „European Green Deal“ vir. Dee gouf den Dënschdeg zum Deel virgestallt.

D'Halschent soll dobäi aus dem EU-Budget kommen, de Rescht vun de Memberlänner an aus dem InvestEU-Fong.

Hëllef fir de Bau oder d'Ofschalte vun Atomzentrale sollen et der Kommissioun no iwwerdeems keng ginn. Dofir awer fir déi europäesch Regiounen, déi aus der Kuelenenergie sollen erausklammen an déi Ënnerstëtzung fir dës Transitioun néideg hunn.
Bis 2027 sollen dofir op d'mannst 100 Milliarden Euro zur Verfügung stoen.

Ob dës Investitiounspläng dann och esou kënnen duerchgezu ginn ass net gewosst. Dat hänkt staark vum EU-Finanzkader fir 2021 bis 2027 of.