Bei der Finanzéierung vum Walkampf bei der Piratepartei goufen Onreegelméissegkeete festgestallt.

D’Cour des Comptes huet e Méindeg hire Rapport iwwert d‘Partei-Finanzéierung vun 2018 presentéiert. Wéi et heescht, goufen do bei der Piratepartei e puer Onreegelméissegkeete festgestallt.

D’Deputéiert vun der zoustänneger Chamberkommissioun hunn e Méindeg eestëmmeg decidéiert, dëse Rapport un de Parquet weiderzeleeden.

D’Piratepartei riskéiert elo méiglecherweis Sanktiounen. De Grond wier eng  Annonce déi wärend dem Walkampf 2018 an enger Zeitung publizéiert gouf, déi vun engem Pirate-Member gewiescht wier, an déi als illegal Partei-Spend ugesi kéint ginn.