An der Rue de Bonnevoie an der Stad gouf bei enger Bank eng Kreditkaart geklaut a Suen domat opgehuewen. D'Police sicht elo mat Hëllef vu Fotoen nom Täter.

Wéi d'Police en Dënschdegmoie matgedeelt huet, gouf bei engem Geldautomat ënnert Uwendung vu Gewalt eng Kreditkaart geklaut. Dat Ganzt ass bei enger Bank an der Rue de Bonnevoie an der Stad geschitt, duerno goufen och Sue mat der Kaart opgehuewen. D'Police huet dann elo Fotoe publizéiert. Leit, déi an deem Kader nëtzlech Informatiounen hunn a wëssen, wien déi gesichte Persoun ass oder wou si sech ophält, solle sech bei der Police (244401000) mellen.