Déi Societéiten an Associatiounen, déi zanter 10 Joer näischt méi beim RCS deposéiert hunn an domat als inaktiv gëllen, wäerten elo gläich geläscht ginn.

Wéi „Luxembourg Business Registers“ matdeelt, wäerten all déi inaktiv Entitéiten, wéi z.B. ASBLen, déi jo u sech am Regëster fir Commercen a Societéite mussen ageschriwwe sinn, zougemaach ginn.

Wéi et am respektive Communiqué heescht, géif dës Prozedur elo geschwënn ulafen. Se géif déi Entitéite betreffen, déi zanter 10 Joer keen Depot méi beim RCS gemaach hunn.

Et géif een deenen awer virdru Bescheed soen, fir dass se wann néideg bannent engem Mount hir Situatioun kënne regulariséieren.