Kuerz nom Start zu Los Angeles huet ee Fliger vun Delta Airlines iwwer Schoule Kerosin ofgelooss. Dobäi goufe 40 Persoune blesséiert.

Eng Passagéiermaschinn huet kuerz nom Start zu Los Angeles Kerosin iwwert e puer Schoulen ofgelooss. Dobäi goufen de Pompjeeën no ronn 40 Mënsche liicht blesséiert, op d’mannst d’Hallschent dovunner Schüler. Ee Spriecher vun der Fluchgesellschaft Delta Airlines sot, de Fliger war um Wee op Shanghai, hätt awer kuerz nom Start wéinst engem Problem um Motor missen ëmdréinen. De Kerosin gouf dobäi ofgelooss, fir d’Gewiicht bei der Landung ze reduzéieren.