D'Demokraten am US-Representantenhaus hunn nei Beweiser, déi den US-President belaaschten. Et geet ëm vertraulech Telefonsdaten.

D’US-Representantenhaus wëll um Mëttwoch d’Uklo fir eng Impeachment-Prozedur géint den US-President Trump un de Senat weiderleeden. Domat kéint de Prozess géint de President wéinst der Ukrain-Affär nach dës Woch starten.

D’Demokraten am Representantenhaus hunn donieft matgedeelt, dass een nei Beweiser géint den Trump hätt. Et géif ënner anerem ëm vertraulech Telefonsdate goen, déi de President belaaschten. Well et sech ëm ganz sensibel Informatioune géing handelen, géif een dës awer net ëffentlech maachen.