Den 3. Januar war eng Fra vun 3 Männer an hirem Haus am Gronn gefesselt ginn. Duerno hu se Bijouen a Kreditkaarte matgoe gelooss.

Nodeems den 3. Januar an der Stad am Gronn eng Fra vun 3 Männer an hirem Haus brutal iwwerfall a menacéiert gouf, sicht d'Police elo mat de Biller vun enger Iwwerwaachungskamera no Zeien.

Zwee vun de Männer hate Vesten an e Chantierscasque un, deen anere war donkel ugedoen an en hat eng schwaarz Mutz un. Nodeems si hiert Affer gefesselt haten, hunn déi 3 d'Haus duerchsicht an dobäi Bijouen a Kreditkaarte matgoe gelooss.

Wéi et heescht géifen d'Biller iwwerdeems weisen, dass eng Komplizin de Männer gehollef hat, obwuel déi net aktiv un der Dot bedeelegt war.

Wéi et schéngt, waren déi Verdächteg mat engem schwaarze Mercedes V-Klass mat franséische Placken ënnerwee. All Informatioun ass fir den 113.

© Police