Spideeler hunn de Sex-Täter erlaabt, am Bordell gewaltfräien Ëmgang ze léieren.

Dëse Fall suergt an Däitschland fir Opreegung. Zu Lippstadt-Eickelborn an Nordrhein-Westfalen sollen der Noriichtenagence "Spiegel" no Sex-Stroftäter Bordellen opsichen, fir Erfarunge mat Fraen ze sammelen. An dräi Fäll wier dëst vu Spideeler aus therapeutesche Grënn erlaabt ginn, esou de Landschaftsverband Westfalen-Lippe.

Des Patienten hätte schonn eng Etappe erreecht, an där een hinnen dëst zoutraue kann, esou kéint ee fir des Mesuren och d'Responsabilitéit iwwerhuelen. Et géif een d'Prostituéiert allerdéngs net driwwer informéieren, mat wiem si ze dinn hunn. D'CDU an déi Gréng haten dozou Ufroen un d'nidderlännesch Landesregierung gemaach. 
Déi fréier Responsabel vum Insernement hat sech dëse Mesuren dem "Spiegel" géintiwwer kritesch ausgedréckt a fënnt se ethesch bedenklech.