Um Samschden hat hien am Nordoste vun Thailand 25 Persounen ëmbruecht.

Den Zaldot hat um Militärstëtzpunkt Waffe geklaut an dunn no engem Sträit säi Virgesetzten an 2 aner Persounen ëmbruecht. Duerno huet hien an der Akafszentral "Terminal 21" weider Persounen ëmbruecht. Och vun enger Geiselnam war Riets. D'Police konnt d'Gebai stiermen, den Attentäter gouf erschoss. 25 Persoune koumen ëm d'Liewen, 60 Persoune goufe blesséiert.