Virun den demokrateschen US-Presidentschaftswalen huet den Ex-Vizepresident Joe Biden de Pete Buttigieg als Lokalpolitiker ouni Erfarung duergestallt.

De Pete Buttigieg hat um Méindeg bei den éischte Presidentschaftsvirwale vun den Demokrate am stärksten ofgeschnidden. Konter gouf et dowéinst elo vu sengem Konkurrent vu véierter Plaz.

Wéi et vum Joe Biden heescht, hätt dëse sech a senger Zäit als Buergermeeschter aus South Bend just ëm dekorativ Stroosseluuchten an d'Revitaliséierung vun Trottoire gekëmmert, wärend hie selwer d'Wiertschaft ugekuerbelt hätt. Och gëtt kritiséiert, dass de Buttigieg den éischten afroamerikanesche Chef vun der Stater Police gekënnegt huet.

Dem Buttigieg säi Spriecher huet op Twitter op dës Virwërf reagéiert, a gesot, dass dëst just beweise géif, wéi schlecht et ëm dem Biden seng Partei steet.